Lëtzebuerg, den 29. Januar 2021
KENG VERHARMLOSUNG VUN DER COVID19-PANDEMIE !
Säit gëschter zirkuléiert een anonymmen oppene Bréif, an deem 120 Enseignanten, Educateure respektiv Educatricen an Elteren d’Geféierlechkeet an d’Mortalitéit vun der COVID19- Pandemie verharmlosen. Als Konsequenz fuerderen si, d’Maskeflicht an alle Schoulen a Betreiungsstrukturen opzehiewen.
Am Numm vun der ecrasanter Majoritéit vun den Enseignanten distanzéiert sech d’FÉDUSE/Enseignement-CGFP formell a komplett vun dësen an eisen Aen onverantwortlechen Aussoen!
Léiw Kolleginnen a Kollegen,
dëse Samschden, 8. Oktober 2016, um 10.00 Auer organiséieren di Lëtzebuerger Gewerkschaften eng grouss Manifestatioun géint TTIP an CETA, wéi se aktuell geplangt sinn. Dir sidd all häerzlech wëllkomm, doruner deelzehuelen. Et ass wichtig, dass mir mat Determinatioun weisen, dass mir net bereet sinn, eng Liberaliséirung à tout prix z'akzeptéiren, déi letztlech och de Statut vum Beamten ënnerhielege géing. Dofir nach eng Kéier den Appell un iech, fir un der Manifestatioun ze participéieren.
Merci
Léiw Kolleginnen a Kollegen,
dësen Donneschden, 16. Juni 2016, um 18.00 Auer organiséiert d'CGFP eng grouss Manifestatioun am Hotel ALVISSE zu Dummeldeng. Dir sidd all häerzlech wëllkomm, doruner deelzehuelen. Et ass wichtig, dass mir en Zeeche setzen, fir der Regierung ze weisen, dass mir net bereet sinn, weider mat eis gewärden ze loossen. Dofir nach eng Kéier den Appell un iech, fir un der Manifestatioun ze participéieren.
Merci
PÉTITIONS: Lisez, signez et faites passer le
mot
Hei drënner fannt Dir d’Linken op zwou Petitioune bei der Chamber, déi mir als Enseignanten aus eiser Siicht onbedéngt ënnerstëtze sollten.
Di éischt ass d’ « Pétition en faveur de la réintroduction d'une évaluation à base de notes au sein de la Formation professionnelle » an entsprécht enger Doléance, déi d’Gewerkschafte scho laang beim MENJE virbruet hunn.
Hei de Link : http://www.chd.lu/wps/portal/public/PetitionDetail?action=doPetitionDetail&id=599#
Di zweet Petitioun wend sech « Géint d'Reklassement vun de Wittfraen a Wittmänner vun der Steierklass 2 an d'Steierklass 1A ». D’FÉDUSE erënnert dorunner, dass d’Regierung doriwwer nodenkt, an der kommender Steierreform di gemeinsam Besteierung an enger Partnerschaft ofzeschafen, wat fir de Gros vun de betraffene Stéit substantiell Abousse bedeite géing. Bei de Wittfraen a Wittmänner gëtt elo schonn ugefaang. Dofir sollte mer eis all elo massiv dogéint wieren.
Hei de Link: http://chd.lu/wps/portal/public/PetitionDetail?action=doPetitionDetail&id=578